Wéini kann eng psychotherapeutesch Behandlung hëllefräich sinn?
Psychotherapeutesch Consultatioune kënnen a schwierege Liewenssituatiounen hëllefräich sinn. Esou Liewenskrise kënnen Äert séilescht Wuelergoen, Äert Selbstwäertgefill, Är Bezéiungen an Ären Alldag beanträchtegen. Si entstinn z.B. duerch Verloschter an Trauer, Verännerungen a wichtege Liewensberäicher, schwéier Entscheedungen déi ustinn, Adaptatioun un eng néi Kultur, chronesch an/oder schwéier Krankheeten.
Bei länger undauernde psychesche Problemer, déi Ären Alldag, Är Leeschtungsfäegkeet an/oder Är Relatioune staark beanträchtegen, kann och eng Psychotherapie hëllefräich sinn. Beispiller fir méi laang undauernd psychesch Problemer sinn:
- Depressioun a Burnout
- Iessstéierungen: Bulimie, Anorexie, Binge Eating…
- Angschtstéierungen: Panikattacken, Phobien…
- Zwangsstéierungen: Zwangsgedanken an Zwangshandlungen
- Posttraumatesch Belaaschtungsstéierungen
- Emotional Instabilitéit, Stresstoleranzproblemer
- Impulsiivt an sech selwer schiedegend Verhalen
- Perséinlechkeetsstéierungen
- Schlofstéierungen
- Psychosomatesch Stéierungen: wann bei kierperleche Wéier a Problemer net genuch organesch Ursaache fonnt ginn
- Substanzmëssbrauch a Suchtverhalen